(22-09-2019 / Chantal Warling) Nodeems d’Jenny Warling (aktuell Europameeschterin -55kg) sech e Freideg fir de Repêchage qualifizéiert hat, war e Sonndeg den Dag vun der Entscheedung. D’Koreanerin TAE EUN AHN (WR n°48) konnt sech géint d’Schwäizerin MAYA SCHÄRER (WR n°26) mat 7:1 duerchsetzen a war domadder dem Jenny seng 1. Géignerin am Repêchage. D’Jenny konnt sech den 1. Punkt an domat och de Virdeel ‘Senshu’ (info: Bei Gläichstand um Enn vum Match gewënnt dee Kämpfer, deen dëse Virdeel huet) sécheren. D’Koreanerin konnt nach zum 1:1 ausgläichen éier d’Zäit ofgelaf war. Vu dass d’Jenny awer den 1. Punkt markéiert hat, huet hatt dëse Kampf fir sech entscheed.

Am Match fir Bronze huet eng staark Géignerin gewaart: SARA CARDIN (WR n°10) aus Italien. D’Jenny huet Rou behalen an zum richtege Moment markéiert. Nodeems d’Italienerin nach eng Kéier ausgeglach huet, ass et der Letzebuergerin gelongen an der Schlussphas den entscheedende Punkt zum 2:1 ze markéieren a gewënnt domadder d’Bronzemedaille.

LAISSER UN COMMENTAIRE

Please enter your comment!
Please enter your name here