16. Mäerz 2020

Léif Matbierger, 

Ech adresséiere mech haut un Iech an engem Moment, wou d’Liewen zu Lëtzebuerg huet misse gedrosselt ginn. 

D’Regierung huet Mesuren decidéiert, wéi et se an eisem Land an de leschte Joerzéngten net gouf. 

Et sinn Decisiounen, déi wäit ginn an e groussen Afloss op dat alldeeglecht Liewen hunn. Et sinn Decisiounen, déi ganz bestëmmt net einfach, awer immens wichteg a richteg sinn. 

Et ass elo de Moment, an deem eis national Solidaritéit gefuerdert ass an ech maachen en Appell u jiddereen, d’Situatioun Eescht ze huelen an déi Mesuren a Recommandatiounen och ze suivéieren. 

Mir wëssen, dass de Virus, deen d’Welt den Ament paralyséiert, ganz geféierlech ka si fir vulnerabel Persounen. Et ass essentiell, dass mer et fäerdeg bréngen d’Verbreede vum Coronavirus ze limitéieren a virun allem dofir ze suergen, dass esou mann ewéi méiglech Mënsche sech op ee Coup infizéieren. 

Jidderee vun eis huet do eng grouss Verantwortung. 

Respektéiert deemno onbedéngt déi generell Reegele vun Hygiène a verhaalt Iech deementspriechend. 

D’Regierung an déi verschidden Autoritéiten evaluéiere permanent déi aktuell Situatioun an d’Mesurë ginn ugepasst, wann et néideg an noutwenneg ass. Et ass e besonneschen Effort vun eisem Gesondheets- a Fleegepersonal gefuerdert a si leeschten eng aussergewéinlech Aarbecht. 

Ech wëll besonnesch hinnen haut och mäin déifste Respekt ausdrécken an hinne Merci soe fir hier wäertvoll Aarbecht an hiren onermiddlechen Asaz. 

Ech sinn och dankbar fir déi Solidaritéit an der Populatioun an déi vill Initiativen déi sech spontan forméiert hunn fir een dem aneren ze hëllefen, a besonnesch fir déi méi vulnerabel Persounen ze schützen. 

An dësen Deeg a Woche sinn ech, zesumme mat der Grande-Duchesse an eiser ganzer Famill, mat ganzem Häerz bei Iech, fir mat Iech zesummen duerch déi schwéier Zäit ze goen. 

Merci an eis all vill Courage. 

CGDL SAR le Grand-Duc Henri – Luxembourg – Ville – Palais Grand-Ducal – 19/12/2019 – photo: claude piscitelli
Article précédentNouvelles mesures prises par le Conseil de Gouvernement pour faire face au Coronavirus
Article suivantTokyo 2020 yes or no? It is better not to dream the impossible – changing the sports calendar is the answer