
No de Walen zu Lausanne: Eis Presidentin Christelle Diederich, elo Vize-Presidentin vun AIPS Europa
Vum 9. bis zum 13. Abrëll waren eis sportspress.lu-Presidentin Christelle [...]
Vum 9. bis zum 13. Abrëll waren eis sportspress.lu-Presidentin Christelle Diederich an de Generalsekretär Pierrot Feltgen beim AIPS-Kongress zu Lausanne. Et war e wichtege Moment fir den internationale Sportjournalismus: Esouwuel um europäesche Plang wei och op Welt-Niveau stounge Walen um Programm.

Bei der AIPS Europa ass d’Christelle Diederich mat 30 vun 42 méigleche Stëmme fir d’éischte Kéier an de Comité gewielt ginn. Si ass déi éischt Lëtzebuergerin an dësem Gremium an och déi eenzeg Fra. Neie President ass de Fransous Marc Ventouillac. Weider Membere sinn: Erwin Baku (Albanien), Jimmy Boejgaard (Dänemark), Gasper Bolhar (Slowenien), Gianfranco Coppola (Italien), Jari Portilla (Finnland), Michael Schuen (Eisterräich), Nayden Todorov (Bulgarien) an de Martin Volkmar (Däitschland).
An der éischter Comitéssitzung vun der AIPS Europa ass d’Christelle Diederich, op Propos vum Président Ventouillac, Vize-Presidentin genannt ginn.
Bei der AIPS World Wal huet sech de President Gianni Merlo aus Italien eng weider Kéier duerchgesat.
Am Kader vum Kongress ass och un eise verstuerwenen Éierepresident Petz Lahure geduecht ginn, dee Member vun der Ethikkommissioun war.
Partager l'article
A quick overview of the topics covered in this article.




